Fairplay a Respekt!

Eng Kampagne vum Handball Bettembourg

Den Handball Bettembourg leet vill Wäert op Fairplay a Respekt. Dofir huet den HBB tëscht dem 4. an 6. Juli seng Kampagne Fairplay a Respekt lancéiert.

Et ass e Message deen de Responsabele vum Handball Beetebuerg vill um Häerz läit: am Sport soll de Fairplay ëmmer am Mëttelpunkt stoen. Och wa sech zwou Equippe géintenee stinn, och wann et wichteg Matcher oder manner wichteg Matcher sinn, esou solle sech all SpillerInne géigensäiteg fair a mat Respekt behandelen, Beleidegungen a Verletzungen évitéieren. Och all Supporter, eegal wéiengem Veräin en ugehéiert an eegal op e mat der Entscheedung vum Arbiter averstanen ass oder net, soll de fairen Ëmgang ni vergiessen. Et ass Sport, an hei soll de Spaass an de Fairplay am Virdergrond stoen! 

 

Den zweete Message vun der Initiative ass awer op d’mannst genau sou wichteg. Wéi iwwerall am Liewen soll och am Handball de Rassismus an d’Diskriminatioun vun Leit mat aanerer Hierkonft oder Orientéierung ee fir allemol der Vergaangenheet ugehéieren. An engem Club wéi den Handball Beetebuerg, an deem Spillerinnen a Spiller vun alle Nationalitéiten zesumme kommen ass dëse Message fir jidderee wichteg. Mir soe ganz kloer Nee! Zu Rassismus – Nee! Zu Diskriminatioun! Och wann aktuell vill iwwert dëst Thema diskutéiert gëtt, sou soll dëst awer net just haut a muer gëllen, mä all Dag! 

Aus wat besteet eis Kampagne?

  • e Spot iwwert de Fairplay, deen bei all Heemmatch gespillt gëtt, an d'Leit zum Fairplay oprifft

  • e Spot: Nee zu Rassismus, deen och bei den Heemmatcher diffuséiert gëtt

  • Panneau'en, déi déi wichtegst Messagen resuméiert

Mir motivéieren all Spillerin, all Spiller an all Supporter zesummen dofir ze suergen, dass den Handball och weiderhin dat ass wat e bis elo ass, nämlech e wonnerschéine Sport an deem d’Leit zesumme sinn, zesumme feieren an och zesumme Nidderlagen erliewen.

Dir wëllt eis bei dëser Aktioun ënnerstëtzen? Deelt eise Message op Facebook! Merci fir Är Mathëllef

Merci dem Chris fir d'Spot'en

Handball Bettembourg - Fairplay!
Nee! Zu Rassismus (HBB)

©2019-2020 Handball Bettembourg